Nei Computerspiller '23

13/01/2023
Nei Computerspiller '23
Play

2022 goufen d’Gaming-Fans nawell gutt verwinnt, dat mat Blockbusterspiller wéi «Elden Ring», God of War Ragnarök oder och nach d’Indiespill «Stray». Ma och dëst Joer wäert nees e spannend Joer fir d’Fans vu Videospiller ginn… Dat ass op alle Fall mol de Stand  am Moment… Op der enger Säit dierften et 2023 eng Partie Suitte vu schon existéierende Spiller ginn, ma et wäerten awer och vill nei Spiller op de Marché kommen.