Wéini brauch de Mupp e Wantermantel?
16/01/2023

Eng Rei Leit freeë sech wann et gutt kal dobaussen ass a Schnéi läit. A verbréngen dann och gäre méi Zäit dobaussen an der Natur – natierlech gutt waarm agepaakt. Ma wéi ass et mat eise best Buddies op 4 Patten - de Muppen? Muss ech dës genee sou virun der Keelt schütze wéi mech selwer? Oder handelt et sech bei de Mäntel fir d’Hënn, déi ee jo dacks gesäit, nëmmen ëm e moudeschen Accessoire?