Crème Fraiche
26/01/2023

Tëlee a Kino kenne mer alleguer a consomméieren alleguer. Lëtzebuerg ass gutt vertrueden an dësem Secteur mat enge sëllege privaten Entreprisen an och groussen Institutioune wéi zum Beispill dem Lëtzebuerger Filmfong oder dem CNA. Vill Filmer ginn hei zu Lëtzebuerg gedréint a vill Lëtzebuerger Produktioune konnten an de leschte Joren hire verdéngten internationale Succès genéissen.
Fir jonke, respektiv ganz jonke Leit, déi un dëse Welten interesséiert sinn en éischte Kontakt mam Filmsecteur ze erméiglechen gëtt et de Concours "Crème fraîche".