Invasiv Waasserschildkröte breede sech aus
17/01/2023

Vläicht erënnert Dir Iech nach un déi kleng Waasserschildkröten déi ee fréier, genee sou wéi d'Goldfësch, um Mäertchen oder op der Fouer ze kafe krut. Haut ass dat alles zwar vill méi streng reglementéiert, an dat ass och gutt esou. Ma aus deene mini Deckelsmouke si mëttlerweil awer well grouss, ausgewuessen Déiere ginn déi sech well laang net méi mat engem klengen Aquarium zefridde ginn. An esou landen dës Déieren dann dacks an der Natur.