Mr Science
19/01/2023

Den Ament gëtt vill iwwert de Sproocheprogramm ChatGPT diskutéiert. Dat ass eng kënschtlech Intelligenz, mat där ee sech net nëmmen ënnerhale kann, mee déi mat Hëllef vun e puer Uweisungen och erstaunlech realistesch Inhalter schreiwe kann. Zum Beispill kann een ChatGPT froen, en Aufsatz iwwert e bestëmmten Thema ze schreiwen - an dat schonn a ville Sproochen. Kann ee lo iwwerhaapt nach erkennen, ob en Text vun engem Mënsch oder vun engem Computerprogramm kënnt, Mister Science?