Etüd weist: D'Lëtzebuerger sëtzen am Duerchschnëtt 12 Stonnen den Dag
20/01/2023

Mir wëssen all, datt vill Beweegung gesond fir de Kierper ass. An awer sëtze vill Leit dacks stonnelaang um Büro virum Computer a wann een dann endlech Feierowend huet, wëll een entspanen a just nach Doheem op d'Couche. Och am Grand-Duché ass dat esou. Eng Etüd huet elo erausfonnt, datt den duerchschnëttleche Lëtzebuerger ronn 12 Stonnen den Dag sëtzt.