E Sonndeg ass den Dag vum Blannenhond
27/01/2023

Als Juegd-, Waach- oder Schutzhond ass de Mupp scho laang en treie Begleeder vum Mënsch. Al Wandmolereien aus dem éischte Joerhonnert viru Christus, esou wéi och ural Seidenteppecher aus dem Osten, deiten op eng fréi Bindung tëscht Mënsch an Hond. Deemools éischter als Compagnon. Am 18te Joerhonnert goufen awer och déi éischt Muppen an engem Paräisser Blannenheem mat séi-behënnerte Mënsche verbonnen. Dëse Mupp huet e Sonndeg säin Dag.