Bréngt et eppes fir prophylaktesch ze streeën?
26/01/2023

De Wanter. Déi eng hunn e gär, déi aner sinn net sou begeeschtert. En Nodeel vun der kaler Joreszäit si kloer d'Stroosseverhältnisser dobaussen. Da gëtt et glat, heiansdo spigelglat, an dann hëllefen och déi beschte Wanterpneuen näischt méi. Wichteg ass et dofir, fir mat Zäiten ze streeën, sou datt och d'Automobilisten, déi an aller Herrgottsfréi ënnerwee sinn, vu proppere Stroossen kënne profitéieren.