RTL Reporter: Dat neit Offallgesetz, den Direkter vun der Valorlux erkläert
30/01/2023

Et gi Gesetzer, wann déi a Kraaft trieden, da spiert een se direkt am Alldag, sou wéi dat néit Offallgesetz. Zanter dem 1te Januar, soll nach manner Dreck vun eis all produzéiert ginn, zemools wa mer op Evenementer ginn, an de Supermarché oder de Restaurant. Den RTL Reporter huet nogefrot wéi dat soll ëmgesat ginn, an och schonn ëmgesat gëtt. Fir d’Éischt huet den Dan Vinkowski den Direkter vun der Valorlux getraff an sech déi néi Reglementatiounen erkläre gelooss.