Ëmmer der Nues no - eng flott Aktivitéit mam Hond

31/01/2023
Ëmmer der Nues no - eng flott Aktivitéit mam Hond
Play

A Saache Gerochssënn sinn d'Muppen eis Mënschen wäitaus iwwerleeën. De Mënsch huet ongeféier 5 Millioune Gerochszellen iwwerdeems den Hond, jee no Rass, tëscht 125 an 220 Milliounen där Zellen huet. Och de Beräich vum Gehier an deem Gerécher verschafft hin, ass bei eise Buddies op 4 Patten däitlech méi grouss wéi bei eis.