König der Löwen: e Musical mat Audiodescriptioun
21/09/2023

Audiodescriptioun beschreift blannen a Leit déi schlecht gesinn, bei engem Film, am Theater, am Kino an elo och bei Musicals, dat wat geschitt, wann net geschwat gëtt. Dat bei enger Liveperformance hinzekréien, huet bis ewell onméiglech geschéngt. Zanter dem 13. September dëst Joer ass de Musical König der Löwen zu Hamburg, deen éischten Musical, deen dat ubitt. De Sascha Lang war fir ons op der Premiere dobäi.