Spellchecker.lu: elo Deel vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
22/09/2023

2006 gouf de Spellchecker.lu, d'online Plattform fir orthografesch Korrektur vu Lëtzebuerger Texter, als Privatinitiative vum Michel Weimerskirch gegrënnt. Am Kader vun der Aktualiséierung vun der Orthografie gouf et viru 4 Joer och schonn éischt produktiv Kontakter tëscht dem Michel Weimerskirch an dem Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch. Dee beléiften Tool konnt elo nach verbessert ginn.