Weltkannerdag aus dem LRSL
20/11/2023

Haut um Weltkannerdag soll speziell op d'Besoine vun der jonker Generatioun, esou wéi och op d'Kannerrechter opmierksam gemaach ginn. Dozou zielen zum Beispill d'Recht op Gesondheet, op Bildung oder och nach d'Recht op Privatsphäre. Mee wat fannen déi Jonk hei zu Lëtzebuerg besonnesch wichteg, wann et ëm hir Rechter geet? Wat impaktéiert si am meeschten? Mir hunn am Kader vum Mediendag am Lycée Robert Schuman eng 3ème-Klass vun der Mediesektioun no hirer Vue gefrot. Entstanen ass e Reportage, deen d'Schülerinnen an d'Schüler selwer ausgeschafft hunn, gelies (ageschwat) vum Lena Sandt-Manderscheid.