RTL Reporter: am Tattoo-Studio
17/11/2023

Haut kënnt d'Faarf an d'Spill. De Bob huet haut Rendezvous fir eng nei Tätowéierung. Jo, hien huet sech dat gutt iwwerluecht an et ass jo och net seng éischt. Mir schalten dann elo op d'Stater Gare an d'rue Michel Rodange wou de Marion Thill scho bal 30 Joer laang seng Cliente mat Tattooen a Piercingen dekoréiert. Da luusse mir mol ob de Bob souwäit prett ass.