Lëtzebuergesch mam Leslie
15/11/2023

Wann een am Google dono sicht fir eis Sprooch ze léieren, dann ass bestëmmt schonn mol deen een oder aneren op dem Leslie Schmit säi Kanal op Youtube gestouss - "Lëtzebuergesch mam Leslie". An hire kuerzweilege Videoen léiert se gratis d'Basis vun der Lëtzebuerger Sprooch an huet elo 3 Joer no hirem Debut scho méi wéi 14000 Abonnenten.