A wéi enge Liewensmëttel stécht am meeschte Vitaminn D?

23/11/2023
A wéi enge Liewensmëttel stécht am meeschte Vitaminn D?
Play

E stäerkt den Immunsystem, kräftegt eis Muskulatur, schützt d'Nerven am Gehier, ass gutt fir den Häerz-Kreeslaaf-System an huet nach ganz vill aner Virdeeler. Wa mer genuch Sonn kréien, bilt eise Kierper genuch Vitaminn D. Elo an der däischterer Joreszäit ass dat awer net wierklech de Fall, ausser et sëtzt een am waarme Süden an der Vakanz. Wéi kann een de Vitaminn D am Wanter kompenséieren, Michèle Schons?