Lët'z say NO to the violence against women!
22/11/2023

Am Kader vun der Orange Week, déi dëse Freideg de 25. November offiziell ugeet a bis den 10. Dezember dauert, lafen eng ganz Rei Manifestatioune fir drop opmierksam ze maachen, datt kengem Mënsch dierf Gewalt ugedoe ginn. Gëschter Owend war d'Soirée de Lancement vun der Campagne Orange Week am Mamer Schlass an de 25. November ass den internationalen Dag vun der Bekämpfung vun der Gewalt géint Fraen a vun der Gewalt an de 4 Wänn doheem.