Rekordpräis: Botter sou deier wéi ni

17/10/2024
Rekordpräis: Botter sou deier wéi ni
Play

De Präis fir Botter geet aktuell ëmmer méi an d'Luucht a viru Chrëschtdag kéint et souguer zu engem neie Rekord kommen. Sou op mannst mol de Prognostic fir déi kommend Wochen a Méint. An dat well ëm d'Feierdeeg um Enn vum Joer generell méi gebak gëtt. Dat geet vu Kichelcher iwwer Boxemännercher bis hin zu Stollen, Bûche a fir d'neit Joer nach dee berüümte Kalenner.