Online-Sportswette bei der Loterie Nationale

22/10/2024
Online-Sportswette bei der Loterie Nationale
Play

Zanter gutt 2 Joer ass d'Loterie Nationale mat Sportswetten ënnerwee, sief et a Caféen, Restauranten oder Baren zu Lëtzebuerg. Déi Terminals kann de Spiller selwer bedéngen a seng Wetten ofginn. Nei ass elo, datt zanter Mëtt September d'Loterie Nationale Sportswetten um Internet ubitt, dat op loteriesport.lu an dat och mat Lizenz. Well déi meescht Internetsitten, déi Sportswetten ubidden, hu keng Lizenz. An dat wëlle si ugoen, erkläert hiren Direkter Léon Losch.