'Sing meinen Schlager': Interview mam Inka Bause
20/10/2024

D'Konzept vun 'Sing meinen Song' op VOX kennt een. Do sange gestane Popstars Lidder vu Kolleegen a veränneren se no hirem Gusto. Haut den Owend ass alles aneschter. Do wou een normalerweis den Henssler oder soss eng Kachsendung gesäit, ass et d'Inka Bause, an d'Inka animéiert och net wéi gewinnt 'Bauer sucht Frau' mee 'Sing meinen Schlager'. A wat do um Menu steet misst kloer sinn.
