'Sneakermess' um Kierchbierg: Schong vir all Gôut an all Portmonnie
21/10/2024

D'Nofro no Liederschong a Lackeschong ass an de Schonggeschäfter éischter kleng, dofir geet d'Demande no Sneakers immens an d'Luucht. E gudde Barometer ass d''Sneakermess' déi dëse WE schonn am 10ten Joer an der LuxExpo organiséiert gouf. Déi eng sichen éischter Motiver an e flotten Design, anerer hunn et léiwer unis. Mir hunn de Leit op d'Schong gekuckt a gefrot firwat se bis laanscht komm sinn.
