Déierentipp: Tëlee-Veterinärmedezin - net ëmmer eng gutt Iddi
22/10/2024

An der Coronazäit hu mir alleguerten - wa mer krank waren - Bekanntschaft mat enger neier Technik gemaach, déi vun der Téléconsultatioun. A wat fir déi grouss Patienten funktionéiert, kann fir déi kleng, dach och net schlecht sinn, oder? D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Fall aus der Praxis matbruecht, wou een dat op d'mannst unzweiwele kann.
