In Pace: Wolfgang Schäuble
01/11/2024

Een däitsche Politiker deen net ganz einfach war, an dat och selwer wosst. Den onbequeemen awer op ville Plazen - mat der Ausnam vu Griicheland vläicht - respektéierten Wolfgang Schäuble war zejoert den 26. Dezember am Alter vun 81 Joer gestuerwen. De Pierre Jans kuckt um gebiertege Freiburger säi Liewen zeréck an deem och ee Lëtzebuerger reegelméisseg virkoum.
