Gesondheetstipp: Hält Kollageen-Kaffi d'Haut méi jonk?
06/11/2024

Wien wënscht sech net éiweg Jugend, an am beschten och dass d'Schéinheet ni vergeet, keng Falen opdauchen oder se sech nees séier verzéien mat iergend engem magesche Produit. 'Kollageen' gëtt do ëmmer nees genannt. Mir hunn den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem groussen GesondheetsZenter op der Gare mol ëm seng Meenung gefrot.