'Salon du Mariage' - flott Iddien fir sech ze bestueden

11/11/2024
'Salon du Mariage' - flott Iddien fir sech ze bestueden
Play

Dat Wichtegst, wann ee sech bestuede wëll, ass natierlech de Partner, awer dann brauch een och en Datum, eng Location, den Hochzeitsrack an den Hochzäitskuch. D'Réng net ze vergiessen, awer och e Fotograf an an an. Um 'Salon du mariage' deen dëse WE um Kierchbierg an der LuxExpo ofgehalen gouf, hat een alles den Themen no opgedeelt, an et ass een quasi an enger Hochzäitsstrooss vun engem bei deen anere gereest. An d'Leit hu nach ëmmer Loscht sech ze bestueden.