Gaardentipp: Muss ee Planze am Kiwwel zoudecken?
12/11/2024

Sou wéi mir, soubal et kal gëtt e Schal an den Hals an eng Mutz op de Kapp setzen, sou wier dat awer bei de Planzen am Gaart liicht iwwerdriwwen. De Jeannot Lacour mengt, dass et kee Wäert huet Palmen an Olivebeem de ganze Wanter zouzedecken. Séier handelen ass besser a bréngt méi, wa kal gemellt ass. Huele mer emol d'Beispill vun de Planzen am Kiwwel.