Mam Camper ënnerwee op der Panamericana
06/01/2025

D'Schoulvakanz ass erduerch, mee et gëtt därer, déi gönne sech emol eng méi laang Auszäit. Wien huet net schonn dovunner gedreemt, allez hop emol 6 Méint fort? De Christian Schmit ass um leschte Caravan Salon enger Madamm begéint, déi am Moment e Grupp begleet als Guide op der Panamericana. Dat mat Camperen, an um Enn eng 30.000 Kilometer a méi um Tacho, a sécherlech genee esou vill Impressiounen?
