Gesondheetstipp: Mediterraant Iessen hält gesond

18/12/2024
Gesondheetstipp: Mediterraant Iessen hält gesond
Play

Dass mediterrane Kascht gesond ass, hu mer hei scho méi dacks betount. Dat heescht wann vill Geméis, Hülsefriichten, e bëssen Uebst, vill Fësch a wäisst Fleesch, Olivenueleg a wéineg Roudes op den Teller kommen, profitéiert d'Gesondheet. An nawell kënnt den Dr Marc Keipes, vum GesondheetsZenter op der Gare, nach emol drop zréck, well t'ass en Thema.