X-Mas op alle Kontinenter
23/12/2024

Wann een u Chrëschtdag denkt, kënnt engem als éischt vläicht Schnéi, Glühwäin oder och nach e gemittlecht Feierchen am Kamäin an de Kapp. Anescht ass et an Australien, wou éischter u Sonnecrème, Barbecue a Surfen geduecht gëtt. Am Down Under ass den Ament nämlech Summer. Esou gëtt do ënnen och gefeiert: D'Leit sinn op der Plage an et kënnt och mol vir, dass de Santa op de Welle gesurft kënnt, säi Schlitt brauch en hei nämlech net.
