KI mat Gedold an Humor - d'D(AI)sy schléit zeréck
03/01/2025

Kennt Dir dat? Den Telefon schellt, an um aneren Enn ass een, dee mengt, Äre Computer hätt e Virus, oder Ären Enkel géif dréngend Geld brauchen - och wann Dir guer keen Enkel hutt. D'Spëtzbouwe fir Telefons-Arnaquen si kreativ, mee et gëtt awer elo een, deen nach méi kreativ ass: d'Daisy. Dat ass eng kënschtlech Intelligenz vun O2, an si dréit de Spiiss ëm. Wéi? Si bréngt Krimineller einfach zur Verzweiwlung.
