Sportjoer 2025: Op dës Highlights kënnt Dir Iech dëst Joer freeën

08/01/2025
Sportjoer 2025: Op dës Highlights kënnt Dir Iech dëst Joer freeën
Play

De Super Bowl ass ee vun deene gréisste sportleche Rendez-vouse vum Joer. De Match ëm d'Vince Lombardi Trophy ass sonndes den 9. Februar am Ceasers Superdom zu New Orleans am US-Bundesstaat Louisiana. Wärend der berüümter Halftime Show wäert den amerikanesche Rapper Kendrick Lamar optrieden. Schonn dëse Weekend starten d'Playoffs, als grousse Favorit op den Titel gëllen op en Neits d'Kansas City Chiefs mam Patrick Mahomes. De Chris Reuter verréit eis, wéi eng Sport-Highlights eis dëst Joer nach erwaarden!