Sportjoer 2025: Op dës Highlights kënnt Dir Iech dëst Joer freeën
09/01/2025

Den Euro Meet ass ee vun den traditionelle Sport-Rendez-vousen hei zu Lëtzebuerg. D'Schwamm-Competitioun an der Coque ass vum 31. Januar bis den 2. Februar. D'Schwamm-Weltmeeschterschaften fänken den 11. Juli zu Singapur un. An där leschter Woch Mee stinn dann erëm d'Spiller vun de klengen europäesche Staaten an Andorra um Programm. De Chris Reuter verréit eis, wéi eng sportlech Highlights eis dëst Joer soss nach erwaarden!
