Tali: Zäit nom ESC, Concert am Atelier & nei EP
14/01/2025

No 31 Joer war Lëtzebuerg 2024 erëm zeréck beim Eurovision Song Contest. D'Tali huet mam franséisch-englesche Song "Fighter" deen éischte lëtzebuergesche Virentscheed säit 1992 gewonnen. Um ESC war déi 13. Plaz erausgesprongen. Dëse Freide bréngt d'Tali e ganzt neit Lidd eraus, Enn Februar spillt hatt seng éischt Headline-Show am Atelier. Am Virfeld hate mir d'Sängerin am RTL-Interview.
