Sportjoer 2025: Op dës Highlights kënnt Dir Iech dëst Joer freeën
13/01/2025

De Super Bowl ass ee vun deene gréisste sportleche Rendez-vouse vum Joer. De Match ëm d'Vince Lombardi Trophy ass sonndes den 9. Februar am Ceasers Superdom zu New Orleans am US-Bundesstaat Louisiana. Wärend der berüümter Halftime Show wäert den amerikanesche Rapper Kendrick Lamar optrieden. D'Playoffs si schonn umgaangen, als grousse Favorit op den Titel gëllen op en Neits d'Kansas City Chiefs mam Patrick Mahomes. Mir verroden iech, wéi eng Sport-Highlights eis dëst Joer nach erwaarden!
