A wann se net gestuerwe sinn, wéi liewen se haut?
17/01/2025

A si hu glécklech weidergelieft, bis un d'Enn vun hirer Zäit, oder wann se net gestuerwe sinn, da liewen se nach haut. Jiddereen huet déi Schlussformel schonn mol bei engem Märchen héieren an natierlech gehéieren do och Disney Prinzessinne mat dozou. Mee ass deen Happy-End wierklech realistesch? Laut enger Etüd, déi elo rezent am British Medical Journal publizéiert gouf, éischter net.
