RTL JobDag en Donneschdeg: sou gesäit et aktuell um Aarbechtsmaart aus

04/02/2025
RTL JobDag en Donneschdeg: sou gesäit et aktuell um Aarbechtsmaart aus
Play

D'Zuelen schwätzen eng kloer Sprooch wann een den Aarbechtsmaart aktuell analyséiert. 19.532 Leit hunn Enn Dezember d'lescht Joer no enger Plaz gesicht, an iwwerall verstoppt sech en eegent Schicksal hannendrun. Am Virfeld vum éischten RTL Jobdag vun dësem Joer, deen en Donneschdeg an der City Concorde organiséiert gëtt, huet de Patrick Greis e puer vun deenen Leit kennegeléiert déi op déi grouss Chance hoffen déi sech hinnen dës Woch mat 100 Stänn ënner engem Dag bitt.