Doomsday Clock: 89 Sekonne viru "Mëtternuecht"
30/01/2025

D'Doomsday Clock ass eng symbolesch Weltënnergangsauer. Si weist un, wéi kuerz d'Mënschheet virun der Selbstvernichtung steet a soll der Ëffentlechkeet däitlech maachen, wéi grouss aktuell de Risiko vun enger globaler Katastroph ass. US-Wëssenschaftler hunn elo deen neie Stand vun der Auer matgedeelt: Et sinn 89 Sekonne viru "Mëtternuecht".
