RTL Reporter: Am Resistenzmusée – Exponater a Geschichten
07/02/2025

Wien Auschwitz seet, denkt direkt un dat gréisste Konzentratiounslager, dat d’Nazie bedriwwen hunn. De 27. Januar 1945 gouf d'KZ vun der sowjetescher Arméi befreit - dat sinn also genee 80 Joer hier. Hei um Radio bléiwe mer haut bei der Thematik a schwätzen iwwer den Zweete Weltkrich a sinn an deem Musée ënnerwee, dee sech mam Lëtzebuerger Widderstand beschäftegt an deen eng zentral Roll spillt, wann et drëm geet fir de Passé historesch opzeschaffen. De Loïc Juchem ass op der Plaz a geet drop an, wéi eng Roll dëse Musée am Grand-Duché spillt.