RTL Reporter: Op Besuch an der Schoulkantin
10/02/2025

D'Schoulkantin - bei deenen enge ganz beléift, ënnert anerem bei den Eltere well se da wësse wat hiren Nowuess sou ësst, a bei deenen aneren, dem Nowuess meeschtens, en No go well et méi flott ass Mëttes bis eraus ze goen amplaz an der Schoul ze sëtzen. Dobäi kënnen d'Schüler hei fir wéineg Suen equilibréiert iessen a brauchen och net wäit ze lafe fir de Mo ze fëllen. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, huet sech fir eis ënnert d'Schüler gemëscht an d'Schoulkantin zu Hollerech getest, eng vu ville Kantinnen déi vu Restopolis geréiert ginn.