Vältesdag: Tinder
14/02/2025

De Partner fir d’Liewe léieren ëmmer manner Leit dobausse beim Bäcker, op der Aarbecht oder op enger Party kennen. Dating hautdesdaags leeft ganz heefeg iwwer Internet, zum Beispill iwwer Dating-Applikatioune wéi Tinder oder Bumble. Wéi mir viru kuerzem héieren hunn, ass dat fir d'Leit zu Lëtzebuerg awer nach net esou gängeg. Mee wéi leeft dat iwwerhaapt of, dat froe mir elo d’Céline Spithoven, wat sech fir eis do eragelies huet.