ING Night Marathon Luxembourg 2025

23/05/2025
ING Night Marathon Luxembourg 2025
Play

Dëst Joer geet den ING Night Marathon zu Lëtzebuerg a seng 18. Editioun. De Samschden Owend den 31. Mee ass et nees esou wäit a Leefer aus aller Welt ginn dëst Joer un de Start. An dëst Joer geet de Marathon och duerch déi éischte Lëtzebuerger Gartenschau, d'LUGA. Nieft der Kinneksdisziplin dem Marathon, gëtt et natierlech och den Semi-Marathon an den Team Run. Dann ass do och de 5K Run For Success, de Minimarathon, de Mini Minimarathon an den Roll & Run.