Nosi: den Tomorrowland-Dram ass an Erfëllung gaangen
20/05/2025

Et ass ouni Zweiwel eng vun de gréisste Partyen op der Welt. Tomorrowland zu Boom, net wäit ewech vun Antwerpen, an der Belsch. De Festival ass fir seng extravagant a kreativ Bünen, fir déi dausende Leit do virdrun an natierlech och d'Kënschtler aus der elektronescher Danzmusek-Zeen bekannt. Dëst Joer gëtt och erëm op 2 Weekender gefeiert, vum 18. bis den 20. Juli a vum 25. bis de 27. Juli. An dës Kéier mat engem Lëtzebuerger am Line-Up.
