Eng Medaill um Crémant Concours wierkt dat sech positiv op d'Venten aus?
29/05/2025

Mëtt Mee war jo de Crémant s Concours zu Beaune an der Bourgogne. An engem virechte Reportage de Moie si mir scho vill gewuer ginn iwwer de Verlaf vun deem Concours. Deen ass all Joer ëmmer an enger anerer Regioun. Et geet net nëmmen ëm Medaillen, mee et gëtt sech ënnereneen ausgetosch, an et huet duerchaus e positiven Effekt op d'Promotioun vun eise Lëtzebuerger Crémanten.
De Christian Schmit huet sech mam Claire Sertznig vun der Promotion de Vins et Crémants de Luxembourg doriwwer ënnerhal. Och zum Thema op et sech op d'Vente vun eisem Crémant reflektéiert, an dass de Crémant's Concours 2026 bei eis am Land ass.