Interview mam Alain Hostert iwwer d'Gastronomie am Lëtzebueger Pavillon zu Osaka
21/06/2025

An der leschter Stonn ware mir zu Osaka a Japan. Jo dir wësst do leeft nach bis Mëtt Oktober d'Weltausstellung. De Grand-Duché huet och do säi Pavillon mat villen Attraktiounen. An och kulinaresch Spezialitéiten ginn do zerwéiert. Gromperekichelcher, Kniddelen, Lëtzebuerger Grillwurscht mat Moschter, awer och originell Desserten si gefrot, a natierlech Béier, Wäin a Crémant. Jee Häerz wat begiers du?
Responsabel fir d'Kichen an d'Restauratioun den Alain Hostert.
De Christian Schmit hëlt eis nach eng Kéier mat an d'Kichen an de Restaurant vum Lëtzebuerger Pavillon.