Glace oder Sorbet?
24/06/2025

Soubal d'Sonn sech weist an d'Jackett géint de Short getosch gëtt, gëtt et nëmmen nach eng wichteg Fro: Glace oder Sorbet? Déi eng schwieren op déi déckflësseg a cremeg Kaloriebomb, déi aner hu just Aen fir déi méi erfrëschend Alternativ. Mee wat hutt Dir dobausse léiwer? Mir hunn eis op eng déifgräifend – an zockerhalteg – Sich gemaach.