LGBTIQ+ Leit ville sech wuel hei am Land

05/07/2025
LGBTIQ+ Leit ville sech wuel hei am Land
Play

Zu Lëtzebuerg ass an de leschte Jore ganz vill geschitt wat d'LGBTIQ+ Communautéit ugeet. Dat sou wuel um Pabeier wéi awer och an der Gesellschaft. Haut kënne sech zum Beispill och gläichgeschlechtlech Koppele bestueden a Kanner adoptéieren, et gi Gesetzer géint d'Diskriminatioun an et kann ee säi Geschlecht offiziell um Pabeier adaptéiere loossen.