Menorca - d'Touriste si begeeschtert
07/07/2025

Wat wier dat gutt wann een elo schonn e bësse Vakanz hätt! Dës ganz Woch huele mir iech mat an d'Vakanz a stellen iech eng Destinatioun am Detail vir. Et geet a Richtung Spuenien, op eng Insel. Et ass net Mallorca, mä déi kleng Schwëster. Fir eis op der Plaz ass de Loïc Juchem. Hie selwer kennt d'Insel och net a léiert se quasi mat eis zesumme kennen. Dat Bescht un der ganzer Saach, dir kënnt och nach eppes gewannen. Um Enn vun der Woch spréngt nämlech fir ee vun eisen Nolauschterer eng Rees op Menorca eraus, dozou awer elo geschwënn e bësse méi. De Loïc zielt eis elo mol fir d'éischt op wat ee sech dohannen da freeë kann.