Menorca - de bekannte Kéis vu Menorca
10/07/2025

Op eiser Rees duerch Menorca spillt d'Kulinarik natierlech och eng wichteg Roll. Net nëmmen iessen se op der Insel vill Fësch, mee och de Kéis kënnt bei ville Spuenier gutt un. Net ëmsoss ginn op der Insel Honnerte vu Kéi an et kann een se bal net verpassen. Op all Eck fënnt een och Betriber déi Kéis produzéieren a verkafen.D'Farm "Subaida" gesäit do dernieft och nach richteg schéin aus - an huet dem Loïc Juchem et ugedoen. Déi lescht Deeg war hien op der Insel an zielt eis wat een alles do kann ënnerhuelen. Och wann d'Insel net riseg ass, kann ee Villes entdecken - sou zum Beispill dës Kéis-Farm.