Menorca - Pedreres De S'Hostal

12/07/2025
Menorca - Pedreres De S'Hostal
Play

Eng Woch lang huele mir iech scho mat op déi wonnerschéin Insel Menorca. Nach haut ginn et Plazen op der Insel wou Steng ausgegruewe ginn an da ginn domadden Haiser gebaut. An der "Pedreres De S'Hostal" goufen ëmmer Kalleksteng ausgegruewen an domat huet een dann ënnert anerem d'Haiser an der Stad niewendrun, zu Ciutadella gebaut. Haut kann een de Site besichtegen an et ass eng Plaz wou Natur a Kultur zesumme fannen. Et gëtt e Gaart, e grousst Labyrinth an elo iwwert de Summer ginn och eng Partie Concerten am Kader vun hirem Summerfestival do organiséiert.