Tic Tac Story 2. Deel
27/07/2025

Wéi spéit ass et? Zäit leeft! Wéi Zäit vergeet, oder déi genee Zäit gëtt iech offréiert vun? Alles Aussoen déi mir mat der Auer a Pénktlechkeet a Verbindung bréngen. D'Geschicht an d'Präzisioun vun enger Schwäizer Auer hu mir an der leschter Stonn beliicht an eiser Tic Tac Story.
Elo gi mir mam Christian Schmit nach eng Kéier op déi Plaz matgeholl déi sech,"le berceau d'horlogerie", nennt, an dat an der pittoresker Vallée de Joux. Hei gëtt et eng Ecole Technique fir d'Ausbildung zum Auermécher. Mir ginn awer och gewuer aus wéi vill Eenzeldeeler sech esou eng Auer zesumme setzt, wéi kreativ e sech selwer ka mat abréngen, a wat alles am Espace Horloger zesumme gedroe gouf.